|

D'Entstehungsgeschicht vun der Fanfare Feelen
Den Ufank: 1902-1940
Den 12.
November 1902 hunn zwee Studenten aus dem Dikkrecher
Kolléisch, de Michel Steichen an de Jean-Pierre
Bormann, zesumme mat 12 anere Leit zu Nidderfelen
eng Musek ënnert dem Numm « Harmonie Feulen »
gegrënnt.
Déi éischt Optrëtter zu där Zäit
waren de Kiermesconcert an den Theater-Concert fit
Chrëschtdag. Vill Dirigenten hu sech ofgeléist an
déi verschidde Musikanten aus dem Duerf ausgebilt.
Mat Schéifer a Schof ass 1924 fir d’éischt den
Hämmelsmarsch gespillt ginn. Am Haus “A Schmatts”
ass während engem halwe Jorhonnert de Bestand an
d’Grondlag vun der Musek geschafen oder besser gesot
geschmidde
ginn. Den Henri Besenius gouf virum Krich President
an d’Zuel vun de Musikanten ass bis op 25 geklomm.
Am Zweete Weltkrich: 1940-1945
Den 9.Mee 1940 war déi lescht
Prouf. Mam Terror vum Naziregime sinn eng helle Wull
vu Geboter komm, déi d’Musizéieren onméiglech
gemaach hunn. Eis Leit hunn de Fändel an
d’Instrumenter misse verstoppen. Déi Musikanten, déi
net am Krich oder verstoppt waren, goufe gezwongen,
enger Ortsgruppemusek fir d’Dierfer Felen, Mäerzeg a
Groussbus baizetrieden,
wat awer net laang funktionéiert huet.
D'Nokrichszäit 1945 - 1960
Wéi nom
Krich am Oktober 1945 déi éischt
Prouw
rëm ofgehale gouf, ware keng Sue méi do fir nei
Instrumenter an Nouten ze kafen. Am Mee 1946
huet
eng Hauskollekt fir d’Musek iwwer 23000 Frang
erabruecht, wat een deemools als e Verméige konnt
betruechten. Ënnert der Direktioun vum Emil
Hoffmann, engem ganz
talentéierten
Militärmuseker, ass eis Musek fërmlech opgaang a
konnt um Concours zu Veianen all Erwaardungen
iwwertreffen. Nom Här Hoffmann stoung den deemolege
Sous-Chef Charel Besenius um Dirigentepult an huet
mat strenger Hand bis 1955 d’Direktioun iwwerholl.
Et goung du weider mam Robert Heger vu 1955 bis 1957
a mam Pol Gilson vu 1957 bis 1960. Dunn huet d’Musek
mam Här Ady Mootz een neie Militärmuseker agestallt.
All dës Dirigenten hu parallel zu hire Prouwe
Solfège an Instrumentecoursen fir eis jonk
Musikanten am Musekssall gehalen.
Vun 1960 bis 1970
D’Musek huet sech no an no ëmmer
méi staark am
Duerfliewen
engagéiert an un den traditionelle Feierlechkeeten
deelgeholl. Sou zum Beispill beim Kleeschen, bei der
Kommunioun, beim Nationalfeierdag, déi der Journée
Commémorative, bei der Fuesent asw. Och auswäerts
ass eis Musek vill méi oft opgetrueden, an eng nei
Formel vun Austauschconcerten huet sech duerchgesat.
Déi grouss
Museksfamill
léiert sech op dës Manéier kennen.
Den Ady Mootz huet a relative
kuerzer Zäit vill um musikaleschen Niveau bewierkt,
a presentéiert sech 1961 mat eis zu Ettelbréck um
Concours.
Resultat: Premier Prix avec
distinction. 1963 feiert eis Uertschaft zesumme mat
der Stat Lëtzebuerg de “Millénaire”, an d’Musek ass
eemol méi gefuerdert.
Mat Stolz ka si bei dësem
memorable Fest hiren neie Fändel presentéieren.
1965
huet
eise Sous-Chef, de Flesch Misch, zesumme mat e puer
jonke Musikanten, eisen Danzorchester oder «
d’Strëpp » vun der
Felener
Musek gegrënnt. D’Optrëtter vun dëser sympathescher
Formatioun, déi et ëmmerhi scho bis bei eng
Musikantenhochzäit a Polen bruecht huet, gefale mat
Freed, Humor a Witz. Fir d’Caisse vum Veräin ze
stäerke gouf et all Joer een Duerffest, deemools och
« kermesse flamande » genannt, wou d’Leit sech gutt
amëséiert hunn. Dës Manifestatioun hu mir 1967
duerch een Zeltfest ersat.
Eng vun
hire gréissten Enttäuschungen erliewen d’Musikante
mat hirem Chef Mootz 1967 um Concours zu Bieles, wéi
de Sprong vun der zweeter an di éischt Divisioun
ganz knapp verpasst gouf.
Vun 1970 bis haut
Eis Musek
ass direkt no hirer Grënnung, am Joer 1970, der
“Caisse mutuelle” vun der UGDA bäigetratt. Den
Aloyse Bormann war zu dëser Zäit President an de
Marcel Thill Sekretär.
Ënnert dem Impuls vum
Leschtgenannten
entstinn
déi éischt international Kontakter. Sou zum Beispill
mat den Hollänner aus der Uertschaft Rosteren, déi
eis vun do u regelméisseg besicht hunn, fir eng
kuerz Zäit an eise Famillen ze wunnen an och
Concerten ze spillen.
Och mir
hunn eis an Holland presentéiert a gespillt. Den Ady
Mootz hat am Laf vun de Joren eng stramm Musek mat
engem gudde Stack vu séchere Musikanten opgebaut,
wou d’Ausgeglachenheet vun
denen
verschiddene Register markant war. Ënnert senger
straffer Leedung spillt d’Musek den 19.
Mee
1974 zu Ettelbréck um Concours sou gutt wéi nach ni,
a steigt mat engem Premier Prix avec grande
distinction an déi éischt Divisioun.
Et war
endlech sou wäit ! Déi vill Méi war belount ginn, an
d’Veräiner mat de Felener Leit hunn deene 38
Musikanten een häerzlechen Empfank bereet.
Sechs Joer
méi spéit geet d’Musek nach eng Kéier op
Zolwer-Bieles, fir um Concours vun der UGDA
deelzehuelen. Mat engem éischte Präis goufen
d’Erwaardungen net ganz erfëllt.
Den Här
Mootz demissionéiert am Hierscht 1981
De
Jean-Marie Thein gouf Dirigent.
Och wann
hee réicht 23 Joer al war, huet hee mat senger
lockerer a jovialer Aart séier Sympathie
fonnt.
Deen neie
Chef hat ee kloert Konzept an de Stil huet
changéiert. D’Formatioun vun eise Schüler hat elo
Prioritéit, an dat iwwert de richtege Wee vun der
Museksschoul.
Dem
Jean-Marie säin éischte Challenge war 1987 de
Concours zu Ettelbréck, wou eis Musek brillant
ofgeschnidden an Erfolleg him Recht ginn huet. Op
d’Propositioun vun der UGDA huet d’Musek ëmmer méi
den internationale Kontakt gesicht, an d’Fühler méi
wäit ausgestreckt.
D’amerikanesch Studente vum “Blue Lake Camp” aus dem
Staat Michigan sinn eng éischte Kéier op Felen
invitéiert ginn. Hire Concert war een ausgesprachene
Leckerbëssen. A well si sou gutt gefall hunn, konnte
si am Laf vun de Joren ëmmer nees zréckkommen. Bei
dëse Geleeënheeten huet de Marcel Thill sech mat
vill Léift em d’Organisatioun bekëmmert an dofir
gesuergt, datt d’Amerikaner an eise Famille gutt
betreit goufen. Als Merci fir des Initiativ kruten
eng Rei vun eise jonke Musikanten eng Bourse fir an
Amerika ze goen, an do am Summer op engem Camp
deelzehuelen, wat hinne sécher profitéiert a gefall
huet. All Rendez-vous mat den Amerikaner war e
fantastescht Erliefnes, an de Kontakt besteet bis
haut. No 10 Joer Frëndschaft an Zesummenaarbecht
koum 1989 den absoluten Héichpunkt: Eisen éischten
Trip an Amerika! De Kontakt mat eise Gaaschtfamillen,
touristesch Highlights, onvergiesslech Concerten,
ënner anerem um Camp selwer, awer och op der Miami
University am Staat Ohio, wou mir vum
beschtbekannten Här Dolibois begréisst goufen,
bleiwe fir ëmmer a gudder Erënnerung.
Fir eis
Musek huet sech d’Aarbecht vun der Museksschoul lues
a lues bezuelt gemaach, an ënnert
dene
jonke Leit si vill staark Musikanten eropgewuess,
déi sämtlech
Register
verstäerkt hunn. Déi nächst Erausfuerderung huet
schon
op eis gewaart an de Chef huet mat engem
exemplareschen Äifer drop
higeschafft:
De Concours am Mee 1995 zu Waasserbëlleg. De ganzen
Dag huet d’Sonn gelaacht, an déi vill Aarbecht vun
deene leschte Wochen huet eis Sécherheet a Vertraue
gin.
D’Stëmmung war dee ganzen Dag
ausgeloossen
an huet sech nach bei der
Proklamatioun
vum Resultat gesteigert. Et war den
Héichpunkt:
Eng
Grande
Distinction
an den
Opstig
aus der éischter Divisioun an d’Division
Supérieure.
Eise Chef hat säi gréisst Erfollegserliefnis an hat
dat
riedlech
verdéngt!
Den 1. Mee
1984 gouf
de
Lottos-Club
vun der Musek gegrënnt, am deem praktesch all d’Musikanten
Member sinn a
jäerlech
an eng Caisse abezuelen.
Op des
Manéier konnten eng ganz Partie Instrumenter kaaft
ginn.
De
Fellens
Georges huet d’Gestioun vum
Lottos-Club
vum éischten Dag
u
fest a
sénger
Hand, a mécht dat mat Präzisioun.
Dëse
Club organiséiert ënner anerem all Joer ee Grillfest
fir eis Famill a Frënn, een
Troterbal
fir d’Fuesend
a säit 1990 dat scho bal traditionellt
Fëschbroden
op Karfreideg. Am Joer 1991
gët
de
Marcel
Thill
President.
Vum 16. bis
zum 30. August 1997 flitt d’Musek eng zweete Kéier
an Amerika. De Wee geet rëm an de Camp am Michigan a
bei eis Gaaschtfamiljen, vun
dene
mir schonns eng Partie kannt hunn. D’Musek spillt
Concerte vum Camp bis op Lansing an op Cleveland an
Ohio. Dat touristescht kënnt och net ze kuerz, wéi
z.B. ee Stéck Geschicht Amerika am Henry Ford Musée
zu Detroit an dat grandiost Naturschauspill vun den
Niagara Falls mat engem Ofstiecher a Kanada.
De Marcel
Thill demissionéiert, fir eis als Eierepresident
trei ze bleiwen an de Jang Berns gëtt duerno als
President vun der Musek gewielt. Zesumme mam Chef a
mam Comité huet hien ee Konzept, dat um Teamwork
baséiert, a wou d’Haaptgewiicht op der Ausbildung
vun eise Schüler läit. Bei de Concerten, a
besonnesch beim Galaconcert gëtt d’Lat ëmmer méi
héich geluegt, sou datt den Niveau noutgedrongen an
d’Luucht geet an d’Programmer, déi
gespickt
mat
populärer
Musek sinn,
spriechen d’Leit un. An engem
Interwall
vu 4 Joer spillt d’Musek och een “Concert spirituell“
an der Parkierch. Dëst ass ee ganz dankbare
Rendez-vous. Am Veräin ass eng
gudd
Ambiance, et gëtt ganz vill geschafft, wat der
Musekskeess
nëmme konnt notzen, sou datt d’Finanzen och gesond
ginn. Dofir konnt d’Musek am Oktober 1998 fir 2 Deeg
op Hannover op d’Weltausstellung fueren. Dräi Joer
duerno koum den nächsten Trip an de beschtbekannten
Europa-Park op Rust. Hei gouf sech ganz
ausgeloossen
amëséiert, an op eiser Réckrees gong et duerch den
Elsass, wou mir eis de “Cortège médiéval“ zu
Ribeauvillé net entgoe gelooss hunn.
Eng vun de
wichtegsten Aktivitéiten an och eng onverzichtbar
Finanzsprëtz fir eis Musek ass den Theater. Ënnert
der Regie vum Wilma Schaltz a vum Guy Storn huet
sech een Team
fond,
dat nit nëmmen flotten a lëschtegen Theater spillt,
mä wat sech am Laf vun de Joren als Équipe vu Frënn
gesteigert huet. Den Theater ass eng Aart
Institutioun ginn, déi iwwert d’Grenze vun eiser
Uertschaft eng
zolitt
Reputatioun
fond
huet.
D’Joer 2002
réckt ëmmer méi no, an domat och d’Préparatioune fir
eise
“centenaire”. 1999 Start den nei gegrënnten
Organisatiounscomité ënnert der Presidentschaft vun
eisem Éierepresident mat den Aarbechte fir d’Jubiläumsfeierlechkeeten.
Dat ass ee villsäitegen an attraktive Programm,
gekréint mat enger ganzer Palette vun
héichkarätegen
Concerte wéi z.B. dee vun der Militärmusek, dee vum
Gesangsensemble vum Ettelbrecker Conservatoire, dee
vum Quintette classique, an awer och dee vun eiser
Musek, déi esou ee gudde Laaf hat, dat eise Chef
zesumme mat de Musikanten nach een drop setze wollt,
näämlech d’Participatioun um UGDA-Concours zu
Veianen, mam Ziel, no siwe Joer nach eng Kéier ze
steigen. Eemol méi wousst de Chef mat senger
Perséinlechkeet a mat sengem Charisma d’Musikanten
ze motivéieren a mat enger onemstriddener
Energieleeschtung op dësen Challenge virzebereeden.
De memorablen Dag war séier do.
D’Musikanten hu mat enger
onverkennbarer
Sécherheet a Selbstbeherrschung fir hire Chef a sech
gekämpft a sech musikalesch iwwertraff. Nom
Mëttegiesse gong et an der
batterer
Hëtzt am Cortège zréck an d’Larei, fir mat Spannung
d’Proklamatioun vum Resultat
ofzewarden.
Et war eng regelrecht
Konsekratioun
fir eise Chef a seng Musikanten.
E
Premier Prix avec
grande
distinction
an den
Opstieg
an d’Division
Excellence.
D’Joer 2002 war fir de Veräin
sprechwiertlech d’Superjoer. Nach ni virdru war a
sou kuerzer
Zeit
sou konsequent a mat esou vill Erfolleg geschafft
ginn. D’Musek sollt awer och fir déi vill Méi
belount ginn, wéi se vun der UGDA sélectionéiert
gouf, fir zu Wien um Blasmusikfestival am Joer 2003
deelzehuelen.
Wien war
mat Secherheet dat Top-Erliefnes fir eise Veräin.Um
Michaelaplatz hannert der Hofburg konnte mir e
flotte Concert spillen an dorop ware mir stolz. Bei
34 Grad Hëtzt hu mir zesumme mat Museken aus 8
verschiddene Länner am Schlassgaart vum Schlass
Schönbrunn geprouft fir den Ofschlossconcert virum
Rathaus .Während eisem Openthalt zu Wien hunn
d’Musikante sech duerch eng exemplaresch Disziplin
ausgezeechent an domat d’Frëndschaft an
d’Homogénitéit am Veräin gefestegt.
D’Liewen
an eiser Musek geet virun.
De Veräin
muss et viru verstoen, sech de Launen a Situatioune
vun eiser Zäit unzepassen an der Jugend eng Chance
bidden.
Dat ass
hir sozial Missioun.
© Feelener Musek
2011
Webdesign an Layout vum
Samu-PC
|